Mam Begrëff Bommeleeër gëtt zu Lëtzebuerg eng bis ewell onbekannte Grupp vu Persoune benannt, déi tëscht dem Abrëll 1985 an dem Abrëll 1986 mat enger Rei Sprengstoff-Uschléi virun allem op Infrastrukturariichtungen an ëffentlech Gebaier d'Land an Otem gehalen huet.
Wann de Begrëff "Bommeleeër" sech am kollektive Verhalt festgesat huet, sou woussten d'Enquêteure zanter dem Juli 1985 datt et sech ëm e Grupp vun op d'mannst 4 Leit handele misst. "Bommerleeërten" wier dann och dee méi richtegen Ausdrock fir d'Auteure vun dësen Uschléi.
Nodeem et jorelaang roueg ëm d'Affär war, huet d'Enquête zanter 2004 en neien Driff kritt. De 25. November 2007 huet de Procureur Robert Biever op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt zwou Persounen, déi zu der Zäit vun den Uschléi bei der Brigade mobile vun der Gendarmerie waren, beschëllegt gi wieren (wéinst versichtem Doutschlag, wéi en eng Woch méi spéit an enger Chamberkommissioun wësse gelooss huet); déi zwéi bestreiden, eppes mat der Affär ze dinn ze hunn.